Ongelongenen Start an d'Saison

18th August 2024

club logo

FC Jeunesse Canach

image

  Gëschter huet ons éischt Equipe hiren éischte Match vun der Saison 24/25 an der Éierepromotioun gespillt. Et war bewosst, datt d'US Feelen alles géif ginn, wëssen datt et hiren alleréischte Match an der Éierepromotioun ass an datt se souverän opgestigen sinn. Ons Jongen hate wuel méi de Ball, Golchancen haten mir der awer nëmmen puer. Zum Schluss musse mir ons mat 3-1 geschloe ginn, woubäi 2 Goler geschenkt waren. Gratulatioun, US Feelen!


Wei oft gesot gëtt, ''it is not how you start but how you finish''. Gottseidank ginn et nach 29 Matcher ze spillen, dovunner deen nächste schonn an enger Woch, doheem géint d'US Rëmeleng.